Radioen

On air

Tockcity  |  Joe Goddard & Fiorious - New World (Flow) (Radio Edit)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Israel huet den Iran attackéiert: Den Iran huet nach net confirméiert

US-Medie mellen

Israel huet den Iran attackéiert: Den Iran huet nach net confirméiert

Als Revanche op déi iranesch Attacken op Israel soll et hënt eng Attack op den iraneschen Territoire gi sinn. Dat mellen allefalls amerikanesch Medien déi Regierungsquellen zitéieren. Den Iran huet dat bis elo awer net wierklech confirméiert.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Morteza Nikoubazl

D’Reaktiounen aus dem Iran si widderspréchlech. Fir d’éischt huet et geheescht et hätt ni eng auslännesch Attack ginn. Déi iranesch Nochrichtenagence Tasnim zitéiert gutt informéiert Quellen.

Widderspréchlech Aussoen

Do heescht et, datt entgéint israeelesche Rumeuren a Behaaptungen et keng Ugrëff op d’Stad Isfahan oder aner Stied ginn hätt. Iranesch Politiker hu sech bis elo nach iwwerhaapt net zu Wuert gemellt.

Der Agence no wier an e puer Regioune wéi Isfahan oder Tabriz d’Loftofwier aktivéiert ginn, dat awer just well d’Systemer extrem sensibel agestallt wiere fir och déi klengsten Dron z’entdecken.

Just déi Explosioune wieren ze héiere gewiescht, et wier deemno och iwwerhaapt kee Schued entstanen.

D’Agence IRNA behaapt dogéint d’Loftofwier wier iwwerhaapt net aktivéiert ginn. Op der iranescher Televisioun huet et duerno geheescht et wieren e puer kleng Objeten entdeckt an ofgeschoss ginn.

Isfahen keen zoufällegt Zil 

Israel huet d’Virfäll iwwerhaapt net kommentéiert.

Amerikanesch Medien, déi politesch Sourcen zitéiert hunn, hate gemellt, datt Israel d’USA iwwer eng Attack op den Iran informéiert hätten. Eng oder méi Rakéite wieren dobäi agesat ginn. D’USA hätten d’Aktioun weder guttgeheescht nach ënnerstëtzt.

Datt déi zentraliranesch Stat Isfahan soll viséiert gewiescht si wier keen Zoufall. Grad do stinn déi ëmstridden iranesch Nuklearinstallatiounen. Der iranescher Agence IRNA no wier awer och do kee Virfall ze mellen.

An der Suite vun den Explosioune waren d’Fluchhäfen zu Isfahan an Shiraz gespaart ginn. Si sinn de Moien elo awer nees opgaangen.

Och Meldungen, datt den nationalen iranesche Sécherheetsrot zesumme geruff gi wier goufen dementéiert.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
International
Noen Osten