Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Heescheverbuet zu Ettelbréck: D’Taina Bofferding bedauert d’Situatioun

Positioun zum Heescheverbuet an zum Budget

Heescheverbuet zu Ettelbréck: D’Taina Bofferding bedauert d’Situatioun

D’LSAP-Fraktiounscheffin bedauert, datt hire Parteikolleeg Bob Steichen um Heescheverbuet zu Ettelbréck festhält. "Ech fannen et extrem schued, datt hien dat als Ettelbrécker Buergermeeschter net wëllt änneren.", esou d’Taina Bofferding am 100,7-Interview.

auto_stories

2 min

headphones

13 min

play_arrow
D’LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding. (Foto: Jo Diseviscourt)

D’LSAP-Fraktiounscheffin seet, si géif guer näischt dovun halen, d’Heeschen allgemeng ze verbidden. Wann d’Regierung e Gesetz géif ausschaffen, fir just aggressiv Forme vum Heeschen ze verbidden, da kéint si sech awer virstellen, dat matzedroen.

"Alles, wat hëlleft, fir Kloerheet eranzebréngen, ass scho gutt."

Mee wier dat och de Fall, wa verschidde Forme vum Heeschen am Gesetz ganz kloer verbuede géinge ginn?

“Déi si jo haut scho verbueden, mee wann et awer soll drop erauslafen, datt och déi einfach Mendicitéit verbuede gëtt, da wäerte mir dat sécherlech net matdroen."

LSAP: Budgetsprojet setzt ze vill op wirtschaftleche Wuesstem

D’LSAP ass iwwerdeems dogéint, datt d’Steieren op Investmentfongen erofgesat ginn. D’Regierungsparteie préiwen am Moment esou eng Steierreduktioun. Hir Partei géif dat awer definitiv net maachen, esou d’LSAP-Fraktiounscheffin am 100,7-Interview. D’Taina Bofferding sot, et kéint ee sech esou guer iwwerleeën, op een déi Steieren net misst eropsetzen.

D’Regierung setzt bei hirem Budgetsprojet ze vill op wirtschaftleche Wuesstem, ouni awer deene sozial Schwaachen entgéintzekommen. Dat ass ee vun de Kritikpunkte vun der LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding. Si géif sech méi eng equilibréiert Belaaschtung tëscht Bierger an Ekonomie wënschen, sou d‘Taina Bofferding.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik