Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Virdrun, wärenddeem an duerno: En Temoignage iwwer d'Revolutioun a Portugal

Nelkerevolutioun

Virdrun, wärenddeem an duerno: En Temoignage iwwer d'Revolutioun a Portugal

D‘Ausstellung iwwer d‘Nelkerevolutioun huet scho vill Visiteuren ugezunn. Deel vun der Ausstellung si 14 Video-Temoignagen, haaptsächlech vu portugiseschen Immigranten. Awer och engem Lëtzebuerger: De Serge Kollwelter.

auto_stories

2 min

headphones

16 min

play_arrow
Foto: Morgane Weidig

D‘Ausstellung iwwer d‘Nelkerevolutioun huet scho vill Visiteuren ugezunn. Deel vun der Ausstellung si 14 Video-Temoignagen, haaptsächlech vu portugiseschen Immigranten. Awer och engem Lëtzebuerger: De Serge Kollwelter.

Et gi warscheinlech net vill Lëtzebuerger, déi esou fréi esou enk Liene mat der portugisescher Communautéit geknäppt hu wéi hien. Mat de Weimeschkiercher Scouten huet hie mat portugiseschen Immigranten, déi am Quartier gelieft hunn, Saachen ënnerholl. Als Schoulmeeschter vun enger Classe d’accueil huet hien haaptsächlech Kanner vu portugiseschen Aarbechter betreit. Am September deemools hat hie mat 5 Schüler ugefaangen.

„Fir Chrëschtdag sinn d’Pappen dann zréck a Portugal gaangen, an hunn hir Fra a Kanner duerno matbruecht. An dann hat ech der Ufank Januar op eemol 25 an der Klass.“

Dräi Reesen an dräi ënnerschiddlech Stëmmungen

De Serge Kollwelter ass an den 1970er Joren och e puer Mol a Portugal gereest. 1973, also nach wärend der Diktatur, fir e Scoutscamp. Aen 1974 a 1975, also no der Revolutioun, fir d’Sprooch ze léieren.

Déi dräi Kéieren hätt hie ganz ënnerschiddlech Stëmmungen erlieft. Bedréckung, Angscht a Mësstrauen 1973. Euphorie 1974, dräi Méint no der Revolutioun, a politesch Tensioune wéinst ënnerschiddlechen Zukunftsvirstellungen 1975.

Rassismus géintiwwer éischten Immigranten

Vill Lëtzebuerger wären den éischte portugiseschen Immigranten ugangs mat Skepsis, Mësstrauen oder souguer Ofleenung begéint, confirméiert de Serge Kollwelter. Sou goufen et grouss Widderstänn géint de Bau vu Wunnheemer fir portugisesch Aarbechter zu Beggen an Esch-Lalleng, déi du och net gebaut gi sinn. An der Millebaach ass awer esou en Heem entstanen.

Och am politeschen Debat ronderëm en Accord de main d’oeuvre mat Portugal hätt sech Friemefeindlechkeet, a souguer Rassismus gewisen.

Lëtzebuerg huet an de Verhandlungen drop bestanen, datt Portugal sech géif engagéieren, näischt derfir ze maache fir d’Emigratioun vu Kapverdianer, déi awer e portugisesche Pass haten – ze fërderen. “Dat war schonn e staarkt Stéck”, sou de Serge Kollwelter. Och datt Portugal dat acceptéiert hätt.

Lauschterenplay_arrow


 

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Interview