Radioen

On air

Tockcity  |  GEL - Mirage

play_arrow Live
search

/ D'Tramslinn laanscht de Stater Park ass nach net opginn

Luxtram

D'Tramslinn laanscht de Stater Park ass nach net opginn

Déi geplangten Tramslinn laanscht de Stater Park soll nach eng Kéier ganz nei iwwerluecht ginn. Dat sot den designéierte Generaldirekter vu Luxtram, den Helge Dorstewitz. Zil wier et, Plaz ze gewannen, ouni déi néng schützenswäert Beem mussen ëmzehaen, déi d’Buergermeeschtesch Lydie Polfer als Argument géint d’Tramsstreck ugefouert huet. 

auto_stories

2 min

headphones

15 min

play_arrow
Den Helge Dorstewitz wäert de Poste vum Generaldirekter vu Luxtram den 1. Juli vum André Von der Mark iwwerhuelen. (Foto: Jo Diseviscourt)

Den designéierte Generaldirekter vu Luxtram seet, et wéilt ee sech elo Zäit huelen, fir nach eemol ganz nei ze iwwerleeën, wéi een de Stroosseraum op der Avenue de la Porte-Neuve laanscht de Stater Park kann organiséieren. Dat fir souwuel den Autoen, de Bussen an och dem Tram genuch gerecht ze ginn.

Zil wier et, Plaz ze gewannen, ouni déi néng schützenswäert Beem mussen ëmzehaen, déi d’Buergermeeschtesch Lydie Polfer als Argument géint d’Tramsstreck ugefouert huet. 

"Es kann zum Beispill sein, dass wir unsere Station verlegen, dass die Bushaltestellen angepasst werden, einfach um den Platz zu gewinnen, um die Bäume nicht fällen zu müssen. Es geht da nicht nur um Bäume."

Et géif och ëm de Park selwer goen, dee villen Awunner um Häerz géif leien, mengt den Helge Dorstewitz.

Tracé am Stadzentrum net prioritär

Et wier wichteg, fir d‘Porte Neuve ee “bessere” Projet ze entwéckele wéi deen, dee bis elo um Dësch louch. De vill diskutéierten Tracé am Stadzentrum wäert awer déi nächst zéng Joer definitiv net prioritär ginn, huet den Helge Dorstewitz och nach eemol ënnerstrach. Den Haaptgrond dofir wier, datt och d’Streck a Richtung Areler Strooss net virun 2035 a Betrib wäert goen, well do eng Rei gréisser, ënnert anerem, Logementsprojeten nach net prett wieren. 

Den Helge Dorstewitz wäert de Poste vum Generaldirekter vu Luxtram den 1. Juli vum André Von der Mark iwwerhuelen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Mobilitéit