Radioen

On air

One World  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Homeoffice: Gi mir geschwënn erëm all zeréck an de Büro?

Aarbechtswelt

Homeoffice: Gi mir geschwënn erëm all zeréck an de Büro?

An der Corona-Pandemie hu vill Patrone vun engem Dag op den aneren op Homeoffice ëmgestallt. Elo, dräi Joer duerno, stellt sech d’Fro: Wéi vill bléift nach dovun iwwreg? A wat mécht dat mat de Leit?

auto_stories

4 min

headphones

21 min

play_arrow

Bréckendeeg ware schonn ëmmer beléift. Déi zwee Deeg tëscht dem 1. Mee an dem Weekend bidde sech lo perfekt dofir. Mee zanter kuerzem ass net just Congé huelen eng Optioun: Et bitt sech och un, Homeoffice ze maachen.

Homeoffice: An der Aarbechtswelt etabléiert

Den Nicolas Felten ass Gerant vun der Designagence cropmark. Zanter der Corona-Pandemie bitt hien a senger Boîte d’Méiglechkeet un, fir vun doheem aus ze schaffen. Op engem Bréckendag wéi haut ass de Büro, an deem normalerweis 5 Leit schaffen, eidel, seet den Nicolas Felten. Soulaang d’Aarbecht gemaach ass, ass dat fir hien och kee Problem.

D’Designagence ass ee vu sëllege Betriber, an deene sech den Homeoffice etabléiert huet. Den Nicolas Felten erkläert, datt bei hinne weder d’Aarbecht, nach d’Motivatioun vun de Leit drënner gelidden hätt. Et hätt een awer och scho virun der Pandemie vill mat Telefonater a Visiokonferenze geschafft, well d’Agence eng Annexe zu Bréissel huet, erkläert de Gerant. Mëttlerweil schätzt hien, datt seng Mataarbechter an der Reegel Minimum zwee Deeg an der Woch um Büro sinn.

Fuerschung zum Theema Aarbechtsalldag

Wärend sech bei cropmark den Homeoffice etabléiert huet, stellt sech natierlech d’Fro, wéi et an aneren Entreprisen a Länner ausgesäit. Dozou fuerscht de Psychologieprofesser Claus Vögele op der Uni.lu. Zanter dem Ausbroch vun der Corona-Pandemie beschäftegt hie sech mat der Entwécklung vum Aarbechtsliewe. Zu deem Theema befrot gi Leit a 6 Länner: Lëtzebuerg, Däitschland, Frankräich, Spuenien, Italien a Schweeden. Mëttlerweil géing Zuel vu Leit, déi Homeoffice maachen, zeréckgoen, seet de Professer. Um Ufank vun der Pandemie hätte 50 Prozent vun de Befroten uginn, ee substantiellen Deel vun hirer Aarbecht am Homeoffice ze maachen. Mëttlerweil, 3 Joer duerno, ass ee bei 25 Prozent.

Fir de Claus Vögele léisst sech dorauser schléissen, datt den Homeoffice zwar staark ofgeholl huet, et awer gläichzäiteg fest an der Aarbechtswelt integréiert ass. Et wier och kee Phenomen, dat just duerch d’Pandemie opkomm wier. D’Beléiftheet vum Homeoffice wier duerch Corona just beschleunegt ginn, mengt de Psychologieprofesser.

Italien ass Spëtzereider, Frankräich läit hannen

Bei den Ëmfroen, déi am Kader vun dëser Recherche gemaach ginn, läit de Fokus op zwee Aspekter. Wéi geet et de Leit, a wéi eng Reegele musse sech an der Aarbechtswelt änneren? D’Aarbechtswelt vun hautzedaags wier nach ëmmer dorop ausgeluecht, datt se an engem Büro stattfënnt, an net doheem. Dofir géing een och mat Rechtswëssenschaftler zesummeschaffen, fir duerno och de Länner konkret Virschléi ze gi wat eventuell Gesetzesännerungen ugeet.

Wann een d’Zuele vun den Ëmfroe kuckt stellt ee fest, datt aktuell an Italien nach verhältnesméisseg am meeschten Homeoffice gemaach gëtt. Am mannste bei eise franséischen Noperen. Datt Italien un der Spëtzt läit géing wéineg verwonneren, esou de Claus Vögele. Do waren d’Lockdownmesuren och mat am strengsten. Firwat a Frankräich d’Zuel awer am niddregsten ass, wier schwéier ze soen. Eventuell hätt et mam legale Kader ze dinn, mengt de Professer vun der Uni.lu.

Den negativen Impakt vun der Isolatioun

D’Mataarbechter vum Nicolas Felten wiesselen also tëschent Büro an Homeoffice of. Dat hätt sech esou erausgeschielt, erkläert de Gerant vu cropmark. Et géingen awer perséinlech Echangen ewechfalen, wann een net um Büro ass. Vu jidderengem wier dunn de Constat gewiescht, datt et besser wier, och nees Zäit um Büro bei den anere Leit ze verbréngen. De klassesche Smalltalk bei der Kaffismaschinn ass eben onersetzlech.

Och an der Fuerschung beschäftegt ee sech domadder. Scho laang ass gewosst, datt eng gewëss Isolatioun een negativen Impakt op déi mental Gesondheet kann hunn. An effektiv spigelen d’Ëmfroen dat och rëm, seet de Claus Vögele. Leit, déi generell méi dacks am Homeoffice sinn, hätten och méi heefeg iwwer Angscht an Depressioun bericht. Aner Resultater weisen, datt de perséinleche Kontakt zu anere Mataarbechter d’Wuelbefannen däitlech steigere kann.

"Et wäert sech eppes änneren"

Homeoffice kann och Stress bedeiten. Wann een doheem keng Plaz huet, oder sech nach ëm kleng Kanner këmmere muss, dann ass de Büro definitiv déi méi angeneem Plaz fir ze schaffen. Op där anerer Säit kann natierlech de Stress, deen duerch den Trajet op d’Aarbecht entstoe kann, eliminéiert ginn.

Ënnert dem Stréch ass de Professer Claus Vögele sech sécher, datt sech eppes am Beräich vun der Aarbechtswelt deet. Et géing alles drop erauslafen, datt d’Patronen an d’Politik d’Gesetzer méi flexibel musse gestallten. Bei cropmark wäert et wuel nom aktuelle Schema viru lafen. Soulaang keen ekonomesche Risiko fir d’Firma géing bestoen, géing een och näischt um aktuelle System änneren, esou den Nicolas Felten.

Lauschterenplay_arrow