Radioen

On air

E-Lodie  |  Marco Lucchi & Henrik Meierkord - In A Gadda Da Vida

play_arrow Live
search

/ Gréng Luucht fir d'"Ruanda-Gesetz" - UNO mat Kritik

Groussbritannien

Gréng Luucht fir d'"Ruanda-Gesetz" - UNO mat Kritik

Dat brittescht Parlament huet hënt, no méintelaangen Diskussiounen dat ëmstriddent „Ruanda Asyl-Gesetz" ugeholl. Domat kënne Flüchtlingen, déi illegal a Groussbritannie koumen, a Ruanda geschéckt ginn, fir do hir Asyldemande ze maachen.

auto_stories

1 min

D‘Gesetz war laang wéinst der Oppositioun vum House of Lords a vum Ieweschte Geriicht blockéiert, dat d‘Gesetz als illegal deklaréiert hat. Am neien Text gouf Ruanda elo als sécheren Drëttstaat deklaréiert. Domat wëll d‘Regierung weider Plaintë viru Geriichter verhënneren.

De Premier Rishi Sunak sot, d‘Réckféierungen a Ruanda sollen an 10 bis 12 Wochen ufänken. Mam neie Gesetz wëll déi konservativ brittesch Regierung d‘Migratioun ofbremsen.

An de leschten zwee Joer si besonnesch vill Flüchtlingen a Groussbritannien ukomm. Vill vun hinne si mat Schlauchbooter iwwert den Äermelkanal gefuer.

Kritik vun der UNO

D‘UNO huet déi brittesch Regierung opgefuerdert, d‘Ausweise vun Asyldemandeuren an de Ruanda nach eemol ze iwwerdenken. Esou eng Decisioun kéint e geféierleche Präzedenzfall weltwäit schafen.

Den UN-Héichkommissär fir Flüchtlinge Volker Türk huet gemengt, et wier besser wa Groussbritannie géif aner Schrëtt ënnerhuelen, fir d‘Flüchtlingsstréim ze bremsen. Dat zum Beispill duerch international Kooperatiounen.