Radioen

On air

Notturno  |  Loivós - Mindcage

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Géigner vun de Covid-Mesuren: Giischtje wiert sech géint Entloossung

Justiz

Géigner vun de Covid-Mesuren: Giischtje wiert sech géint Entloossung

De Mann mam Spëtznumm “Sa Bo”, deen als Giischtje geschafft hat, war op Hellegowend 2021 am Kader vun enger Protestaktioun um Knuedler vun der Police matgeholl ginn. Kuerz no Chrëschtdag gouf hie vum Déngscht suspendéiert an am Abrëll 2022 du revoquéiert.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

Elo wiert sech ee vun den Haaptgéigner vun de Covid-Mesurë um Verwaltungsgeriicht géint seng Entloossung aus dem Staatsdéngscht. De Sacha Borsellini hat dowéinst gëschter um Dënschdeg Rendez-vous um Tribunal administratif.

Faiten an de Kontext setzen

Et misst een d’Faiten an de Kontext vun deemools setzen. Dat wier eng exzeptionell Zäit vun Tensiounen an der Gesellschaft gewiescht, déi opgedeelt war a Geimpfter an Net-Geimpfter, an an där eng Partie konstitutionell Rechter ferm limitéiert waren, huet den Affekot vum Sacha Borsellini plädéiert.

Dem Me Christian Bock no wiere sengem Client véier Reprochë gemaach ginn, dorënner deen, fir Posten op Facebook responsabel ze sinn. Déi hätt säi Mandant zouginn. Et wier ni eng strofrechtlech Plainte géint hien deposéiert ginn.

Keng Beweiser fir d'Organiséiere vu Manifestatiounen

Wat de “Sa Bo” do geschriwwen hätt, géif ënner d’Riedefräiheet falen. Hien hätt kee Mënsch denigréiert, mee Akte vun der Regierung a Fro gestallt, mat deenen hien net averstane war. Woubäi hien déi Mesuren awer respektéiert hätt, esou säin Affekot.

De weidere Reproche, datt säi Client Manifestatiounen organiséiert hätt, kontestéiert den Affekot formell. Et géif dofir kee Beweis géif ginn. De Plädoyer huet mam Constat opgehalen, datt et no enger Revocatioun net einfach wier, fir eng aner Aarbecht ze fannen.

Vertriederin vum Staat fënnt, datt et u Kohärenz feelt

Dogéint huet d’Vertriederin vum Staat gemengt, de Sacha Borsellini hätt d’Covid-Mesurë vun der Regierung an d’Lächerlecht gezunn a seng Funktioun benotzt, fir d’Regierungspolitik ze verurteelen. De Staat wier keen "Ënnerdrécker, dee Grondrechter vun de Bierger violéiert." Fir dee Staat wéilt den entloossene Giischtjen awer schaffen.

Si hätt Problemer, fir ze verstoen, wéi een dat mat esou Iwwerzeegunge maache wéilt. An hiren Ae géif et hei u Kohärenz a Credibilitéit feelen. Ënner anerem virum Conseil de discipline vun de Staatsbeamten hätt de “Sa Bo”, dee Verschwörungstheorië verbreet hätt, d’Reprochë géint hien zouginn. Hien hätt sech vill zu Scholde komme gelooss, an d’Strof vum Conseil de discipline wier justifizéiert. Wéinst dem endgültege Vertrauensverloscht wier seng Revocatioun ze confirméieren.

En Urteel an dëser Affär gëtt an den nächste Woche gesprach.

Aktualitéit
Justiz