Radioen

On air

De Moien  |  Raveena - Pluto

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schätz vun der Kultur: Dat immateriellt Kulturiewe vu Lëtzebuerg

Kultur

Schätz vun der Kultur: Dat immateriellt Kulturiewe vu Lëtzebuerg

Haut ass Liichtmëssdag, eng gutt al Lëtzebuerger Traditioun, déi awer nach net am Inventaire vun eisem immaterielle Kulturierwen optaucht. Fir an deen Inventaire ze kommen, mussen e puer Leit sech der Saach unhuelen an eng gutt dokumentéiert Demande um Kulturministère eraginn. Do lant d’Schreiwes dann um Büro vum Patrick Dondelinger, dee sech am Ministère ëm alles bekëmmert wat mat deem immateriellen, dem “liewege” Kulturierwen ze dinn huet.

auto_stories

4 min

headphones

21 min

play_arrow
Foto: iki.lu

Den Ursprong vu Liichtmëssdag kann een net méi genee novollzéien, seet den Expert fir Kulturierwen. D'Liichtegoe staamt aus enger kierchlecher Traditioun, wat och mat Käerzen a Prozessiounen an de verschiddene Kierchen uechter d'Welt gefeiert gëtt. Beim immaterielle Kulturierwe geet et awer net just ëm d'Aktivitéit selwer, mee och ëm d'Gefill, dat een dobäi huet.

"Sou laang, wéi déi, déi et elo praktizéieren an déi Liewen, sech kënnen erënneren, ass dat hei gemaach ginn. Immateriellt Kulturierwen ass eppes wat eng Identitéit an eng Kontinuitéit gëtt. Dat heescht d'Wichtegkeet ass, datt een e Gefill huet, eppes ze maachen, wat ee geierft huet (...) an datt een dat wëll praktizéieren an un zukünfteg Generatioune weider ginn."

Sech mat der Traditioun ausernee setzen

De Formulaire deen ee muss ausfëllen, wann ee wëll, datt eppes an den Inventaire vun eisem immaterielle Kulturierwen opgeholl gëtt, ass dobäi relativ komplex. An dat wier och esou geduecht, seet de Patrick Dondelinger. Zil wier et, datt déi Leit déi eng Traditioun praktizéieren, sech sollen iwwer de Wäert vun hirem Kulturierwe bewosst ginn, wa si eng Demande erareechen.

De Patrick Dondelinger këmmert sech am Kulturministère ëm dat Immateriellt Kulturiewen. | © Jo Diseviscourt
De Patrick Dondelinger këmmert sech am Kulturministère ëm dat Immateriellt Kulturiewen. (Foto: Jo Diseviscourt)

An dofir muss een uginn, wou de Brauch hierkënnt, wéi d'Traditioun gelieft gëtt, wéi se iwwermëttelt gëtt a se muss zënter wéinstens dräi Generatiounen oder 75 Joer existéieren. De Kulturministère ënnerstëtzt d'Leit och bei hiren Demarchen, sou de Patrick Dondelinger. An zum Schluss hëlt de Kulturminister dann eng Decisioun, och op Basis vum Avis vun enger Kulturierfschaftskommissioun.

D'Hiewanskonscht, de Bau vun Dréchemaueren sti schonn am Inventaire

En aner Beispill fir eng Traditioun déi schonn am Inventaire steet ass d'Hiewanskonscht. "Et ass eppes, wou een eng Gemeinschaft vun den Hiewanen huet, déi dat vu Generatioun zu Generatioun weider ginn", sou de Patrick Dondelinger.

De Bau vun Dréchemaueren ass eng aner Traditioun déi et och schonn an den Inventaire gepackt huet. Och hei géif de selwechte Prinzip gëllen: Et ass eng Low-Tech, déi zugläich nohalteg an zukunftsträchteg ass. Dat hätt een zum Beispill bei den Iwwerschwemmungen am Mëllerdall gesinn, Dréchemauere si méi waasserduerchlässeg an doduerch och méi stabil a besser un d'Regioun ugepasst. Dës Konscht wier zu Lëtzebuerg och schonn eng Kéier ausgestuerwe gewiescht, gouf dunn awer duerch en internationale Projet erëm lieweg, seet de Patrick Dondelinger.

"Dat weist och: Immateriellt Kulturiewe kann ausstierwen, et kann awer och erëm zeréckkommen."

Fir de Brauch vun der Kënnbakestee läit dem Kulturministère schonn eng Demande vir, ee Brauch, dee bis elo nach net am Inventaire steet ass d'Buergbrennen. De Patrick Dondelinger hofft dofir, datt an Zukunft déi entspriechend Demande de Wee bei hien op de Büro packt.

Um Site vum Nationalen Inventaire vum Immaterielle Kulturierwe fënnt een am Ganzen iwwer 60 Traditiounen, déi vum Kulturministère offiziell festgehale gi sinn.



Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Kultur
Konscht
Interview