Radioen

On air

Tockcity  |  Ducks Ltd. - On Our Way To The Rave

play_arrow Live
search

/ Wéinst de kalen Temperaturen: D'Wanteraktioun gëtt verlängert

Fir "op der sécherer Säit" ze sinn

Wéinst de kalen Temperaturen: D'Wanteraktioun gëtt verlängert

Wéinst de kalen Temperaturen owes an nuets gëtt d’Wanteraktioun um Findel haut den Owend rëm opgemaach. Dës Decisioun huet de Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil de Moie matgedeelt. D’Nuetsstruktur fir Leit ouni festen Daach iwwert dem Kapp soll bis dëse Sonndeg opbleiwen.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

Normalerweis ass d’Wanteraktioun um Findel tëschent Mëtt November a Mëtt Abrëll op. Mee soubal d’Wanteraktioun zou geet, géif een am Ministère ëmmer zesumme mam Partner Dräieck ASBL suivéieren, wéi d’Temperature sech entwéckelen, erkläert de Max Hahn.

"An ab deem Moment, wou mir da feststellen, datt awer de Risk vun enger gréisserer Keelt ass, also iwwer e puer Nuechte Minustemperaturen, decidéiere mir, datt d’Wanteraktioun dann nach eng Kéier opgeet. Elo mol bis e Sonndeg. Ech denken, da si mir op der sécherer Säit."

Permanent am "Stand-by Modus"

Et kéint een ëmmer relativ zäitno decidéieren, d’Struktur fir Obdachloser rëm opzemaachen, ënnersträicht de Minister.

"Mir sinn ëmmer am Zenario, an dat wëssen eis gutt Partner Caritas, Croix-Rouge an Inter-Actions och, datt mir à tout moment ëmmer erëm kënnen opmaachen, an datt mir do permanent eigentlech am Stand-by sinn."

Wann et néideg wier, kéint d’Wanteraktioun och iwwert dëse Sonndeg eraus opbleiwen, esou de Max Hahn.

"Wann et sech sollt erweisen, datt och iwwer ee Sonndeg eraus d’Temperaturen déif géinge bleiwen, wouno et de Moment zwar net ausgesäit, da wäerte mir selbstverständlech och dofir suergen, datt keen dobausse muss erfréieren."

Dat wier d’Haaptzil vun der Wanteraktioun um Findel. Deem Zil wéilt een och gerecht ginn, esou de Minister Max Hahn.