Radioen

On air

Espresso Beats  |  Quantic Presenta Flowering Inferno - Cumbia Sobre el Mar

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Vertraue vum Konsument ass weider zeréck gaangen

Date vun der Zentralbank

D'Vertraue vum Konsument ass weider zeréck gaangen

D‘Vertraue vun de Konsumenten ass am September iwwregens weider zréck gaangen, dat weist den neie Vertrauens-Index vun der Zentralbank.

auto_stories

1 min

Foto: Kaori Anne Joliffe

D‘Inflatioun an d‘Onrouen an der Welt schloen de Leit op d‘Gemitt. All d‘Indicateuren, déi d‘Zentralbank analyséiert, sinn an de Keller gerutscht. D‘Leit hu manner Vertrauen an déi generell ekonomesch Situatioun vum Land, si maache sech awer och méi Suergen iwwert hir eege finanziell Situatioun a iwwert d‘Zukunft. Et ginn och manner Stéit, déi an Zukunft gréisser Akeef virgesinn.