Radioen

On air

De Weekend  |  Francis Of Delirium - Real Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Oppositioun kritiséiert déi geplangte Regierungsmesuren am Beräich Landwirtschaft

No der Kommissiounssëtzung

D'Oppositioun kritiséiert déi geplangte Regierungsmesuren am Beräich Landwirtschaft

D’Landwirtschaft ass ee grousse Challenge fir déi nächst Regierung, esou déi nei CSV-Agrarministesch Martine Hansen no der éischter Sëtzung vun der Landwirtschaftskommissioun haut de Mëtteg. Fir d’Oppositioun feelt et u konkrete Mesuren, virun allem beim Konsumenteschutz an am Beräich vum Ëmstellen op biologesch Landwirtschaft.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Archiv

Déi aktuell Regierung hätt net méi d‘Zil fir den Undeel vun der Biolandwirtschaft bis 2050 op 100 Prozent ze erhéijen, bedauert de Ben Polidor vun der Piratepartei.

Och déi fréier gréng-Ëmweltministesch Joelle Welfring kritiséiert, dass et u konkrete Mesuren am neie schwaarz-bloe Regierungsprogramm feelt. Fir déi nei Landwirtschaftsministesch Martine Hansen kënnt déi Kritik no der Kommissioun iwwerraschend – dat hätt ee wärend der Sëtzung esou net héieren. Et wéilt een och déi biologesch Landwirtschaft ënnerstëtzen, ouni sech awer onrealistesch Ziler ze setzen, esou d’Martine Hansen.

Jeff Boonen: D'Baueren net vun ëffentleche Suen ofhängeg maachen

Och de Jeff Boonen vun der CSV, President vun der Kommissioun, selwer Bauer a fir d’Martine Hansen an d’Chamber nogeréckelt, seet, et wéilt ee an éischter Linn sécher stellen, datt d’Betriber mam Verkaf vun hire Produiten och Sue verdéngen.

„An dofir wëlle mer net einfach eng Incitatiounspolitik mat Subsiden maachen fir iergendee Prozentsaz ze erreechen, an domat hu mer de Betriib komplett ofhängeg gemaach vun ëffentlechen Zahlungen.“

Konsumenteschutz: d'Stéifkand vun der neier Regierung?

Beim Konsumenteschutz wéilt een dann awer d’Projete vun der leschter Regierung weiderféieren, esou de Jeff Boonen. Virun allem vum Paulette Lenert, Konsumenteschutzministesch ënnert der leschter Regierung, gouf et Kritik um Ëmgang mam Konsumenteschutz. Mat zwee Sätz am Koalitiounsaccord wier et d’Stéifkand vun der neier Regierung, esou d’Paulette Lenert.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Ernärung
Politik a Gesellschaft
Ëmwelt