Radioen

On air

Nei Musek  |  Eng Renconter tëschent Klassik an Jazz

play_arrow Live
search

/ Stater Schäfferot just nach bei Presseinterviewen dobäi, wa se ugefrot ginn

Stater Gemengerot

Stater Schäfferot just nach bei Presseinterviewen dobäi, wa se ugefrot ginn

De Stater Schäfferot wëll an Zukunft bei Presseinterviewe mat Gemengenmataarbechter just nach selwer dobäi sinn, wann d’Press dat och esou ufreet. D’Stater Schäffe Corinne Cahen sot am Gemengerot, si hätt eng deementspriechend Uweisung un de Presseservice vun der Stad Lëtzebuerg ginn.

auto_stories

1 min

Corinne Cahen | © Jo Diseviscourt
Foto: Jo Diseviscourt

Hannergrond ass e Reportage vum radio 100,7 vu virun engem Mount, fir deen en Interview mat engem Streetworker virgesi war. Um Enn war d’DP-Schäffe Corinne Cahen beim Interview dobäi, ouni datt mir si ugefrot haten.

Déi gréng wollten am Gemengerot Erklärungen dozou kréien. D’Corinne Cahen huet op hire Kommunikatiounsservice verwisen. Deen hätt entscheet, datt bei politesche Froen och sollte Politiker dobäi sinn.

“Ech imposéiere mech iwwerhaapt net. Wa politesch Froe sinn, sinn ech gäre bereet, se ze beäntweren. Wa meng Meenung gefrot gëtt, da soen ech déi och ganz gären. Ech hunn och an deem Raum lo keng schlecht Stëmmung gespuert, wéi gesot, dat ass awer subjektiv an dofir hunn ech dem Kommunikatiounsservice gesot, an Zukunft géing ech da just nach kommen, wann d'Journalisten dat explizitt froen.”

Ausso vun der Corinne Cahen lauschterenplay_arrow

Aktualitéit