Radioen

On air

Notturno  |  Horse Lords - Zero Degree Machine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Yuriko Backes: Bewäertungssystem an der Arméi keen Afloss op d'Paien

CGFP schwätzt vu Vertragsbroch

Yuriko Backes: Bewäertungssystem an der Arméi keen Afloss op d'Paien

D‘Chamber huet sech gëschter och nach emol mam Bewäertungssystem an der Arméi beschäftegt. D’Staatsbeamtegewerkschaft CGFP schwätzt vun engem Vertragsbroch, well déi viregt Regierung am Arméisgesetz de Bewäertungssystem nees agefouert huet.

auto_stories

1 min

© European Union
Foto: European Union

Dat obwuel am Accord salarial festgehale gi war, datt dee System soll ofgeschaaft ginn. D’CGFP ass an d’Conciliatioun gaangen.

Fir d’CSV a fir d’DP, genee esou fir d’LSAP an déi gréng, ass et kloer, datt dee Bewäertungssystem fir d’Arméi wichteg ass. Deen hätt och keen Afloss op d’Paien, déi an der Arméi ausbezuelt ginn, betount d’Defenseministerin Yuriko Backes.

Esou ee Bewäertungssystem gouf et an der Arméi zanter 1954.