Radioen

On air

Notturno  |  Tony Allen, Adrian Younge & Ali Shaheed Muhammad - Ebun

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Berlinale: „Dahomey“ als beschte Film ausgezeechent

Kultur

Berlinale: „Dahomey“ als beschte Film ausgezeechent

Op der Berlinale an der däitscher Haaptstad goung de gëllene Bier fir de beschte Film gëschter Owend un den Documentaire „Dahomey“.

auto_stories

1 min

Réalisatrice Mati Diop | © picture alliance/dpa | Britta Pedersen
Foto: picture alliance/dpa | Britta Pedersen

De Film vun der franséischer Réalisatrice Mati Diop begleet de Retour vu Konschtschätz, déi aus Afrika geklaut gi waren. De Sëlwrege Bier fir de beschten Acteur war fir de rumänesch-US-amerikanesche Schauspiller Sebastian Stan an der Tragikomedie „A Different Man“. De Grousse Präis vun der Jury goung a Südkorea, fir de Film „A Traveler‘s Needs“ vum Réalisateur Hong Sangsoo.