radio 100,7 live gelauschtert
lauschtert de radio 100,7 weltwäit iwwert eise Streaming
an Zesummenaarbecht mat der Lëtzebuerger Post offeréiere mir Iech eise Programm je no ärer Connexioun an enger Qualitéit tëscht 30-127kbit/s un. D'Vitesse passt sech automatesch un är Internetverbundung un.
Starthëllef:
De Stream vum radio 100,7 gëtt mat Windows Media Player (WMP) gemaacht. Dësen ass standardméisseg bei all Windows installéiert. Et ass gutt, déi leschte Versioun installéiert ze hunn.
WMP Streame kënnen awer ob all modernem Betriebsystem décodéiert ginn. Dofir muss een allerdéngs dee richtegen Decoder installéiert hunn.
Apple : Mac Benotzer kënne sech entweder de WMP Zousatz fir Quicktime oder de Windows Media Player 9 fir OSX installéieren, Betriebsystemer virun OSX musse sech mat der Versioun 7.1 zefridde ginn. Allerdéngs kënnen d'Mac-isten och op den MPlayer zréckgräifen, deen och an enger Apple-versioun existéiert.

Linux : Den MPlayer existéiert fir quasi all Linux-Distributioun. Détailéiert Instruktiounen wéi e muss installéiert ginn, fënnt een hei (op Däitsch).
©2010 radio 100,7 | Webdesign | Création du site web par VAlain S.A.



