Biotop
Hieselter, Hieselnëss an Hieselnësskichelcher
13 min
Elo ëm d’Chrëschtdagszäit léisst ee sech d’Hieselnëss schmaachen. Si sinn net ewech ze denken aus der Chrëschtdagsbäckerei. Si schmaachen net nëmme gutt, mee kënnen och ganz gesond a villsäiteg agesat ginn an der Kichen. Firwat een ëmmer minimum zwee Hieselter a sengem Gaart sollt beienee planzen a firwat Pollen-Allergiker ee grousse Bou ronderëm dës Planz maachen, doriwwer schwätze mir mat der Danièle Keup vun der Liga Gaart an Heem.
En Hieselter kann ee ganz einfach als Heck am Gaart planzen, déi als Sichtschutz soll déngen, well een d’Planz geneesou ka schneiden, wéi een dat brauch. Et brauch een net ze fäerte fir ze schneiden. Do kann een ouni Problem eng Heck kréie vu siwe Meter Héicht a véier bis fënnef Meter breet. Mee da wuesse keng Nëss! (Recommandatioun: Gemeine Hasel/Corylus avellana)
Wann ee gären Nëss hätt, muss een den Bam wuesse loossen, just all Joer am Hierscht schneiden an no der Rekolt déi al Äscht erausschneiden, datt de Bam schéi lëfteg bléift. Wann een dat net mécht, verdichten d’Äscht vill ze vill, et gëtt manner Bléien an dofir manner Nëss. (Recommandatioun: Baumhasel / Corylus colurna).
Presentéiert vum
- Angie Maquil