Dem Pierre Birnbaum seng Elteren ware jüddesch Flüchtlingen, déi Nazi-Däitschland am November 1933 verlooss haten. Si hu sech zu Paräis etabléiert. Am Juni 1940, wou d'Wehrmacht un den Diere vun der franséischer Haaptstad war, si si an engem vun de leschten Zich Richtung Süde geklommen a schliisslech zu Lourdes gelant. Do koum de Pierre de 19. Juli 1940 op d'Welt. Genee zu deem Zäitpunkt, an deem de Vichy-Regimm seng autoritär an antisemittesch Reforme lancéiert huet.
Vum Juli 1940 u goufen d'jüddesch Fransouse progressiv aus dem Staatsdéngscht entlooss, wärend Dausende vu Judden, déi naturaliséiert gi waren, d'franséisch Nationalitéit entzu kruten. Den 3. Oktober huet de Vichy-Regimm den éischten Statut des Juifs a Kraaft gesat. Deen huet aus de Judden eng besonnesch Kategorie vun der Bevëlkerung gemaach; aus de jüddesche Fransousen Bierger vun zweeter Klass. All déi Mesurë waren ouni direkten Drock vun Däitschland geholl ginn.
Den 2. Juni 1941 huet de Vichy-Regimm dann ugefaangen all d'Judden opzelëschten, déi an der onbesater Zon waren, also och dem Pierre Birnbaum seng Famill. Am Januar 1942 goufen d'auslännesch Judde separat opgezielt. D'Angscht ass gewuess, mat Recht. Am August hunn d'Deportatiounen ugefaangen. Fir de franséischen Autoritéiten ze entkommen, goufen de klenge Pierre a seng eeler Schwëster bei Baueren, d'Maria an de Fabien, an engem winzegen Duerf, matten an de Pyrenäen, verstoppt. Si hunn de Krich iwwerlieft, hir Elteren och.
Verdrängung an Assimilatioun
De Pierre war al genuch fir sech un déi Krichsjoren ze erënneren, mee ze jonk fir d'Evenementer ze verstoen. Dat huet him erlaabt, sech komplett an enger Gesellschaft ze assimiléieren déi d'Juddeverfollgung - a virun allem d'Bedeelegung vum eegene Staat - verdränge wollt. A senger Primärschoul ware jüddesch Schüler verhaft ginn. Dat wousst hien net, deemools huet keng Plack drun erënnert, an et huet keen doriwwer geschwat.
D'École de la République war also fir de klenge Fransous mat jüddeschem Hannergrond den emanzipatoresche Kader, deen him erlaabt huet, et zu eppes ze bréngen. Deen aus him e respektéierten Unisproff gemaach huet, e Soziolog, deen dem Ideal vum franséische Staat nogaangen ass, en theoretiséiert huet, en eigentlech hanner der Mask vum objektive Beobachter verherrlecht huet.
"Fidèle aux hussards noirs d'autrefois", schreift hien: "ainsi qu'à mes professeurs de lycée, d'une exigence et d'une rectitude morale à toute épreuve, je m'efforce de me montrer fidèle à leur héritage de serviteur de cet État émancipateur. La ré-affiliation à travers la figure d'un État tutélaire mais rationnel, éloigné de toute forme de préjugés, d'un État composé de tous ses citoyens, prend ainsi tout son sens."
Vichy taucht erëm op
Grad wéi de Professer-Dokter Birnbaum amgaange war seng Theorie vum État fort à la française ze verfeineren, ass de Vichy-Regimm erëm an der ëffentlecher Debatt opgetaucht. D'Bicher vum Serge Klarsfeld oder vum amerikaneschen Historiker Bill Paxton, hunn net nëmmen d'Envergurë vun senger Kollaboratioun opgedeckt, mee och seng Responsabilitéit an der Juddeverfolgung. Am Ufank wëllt den Akademiker d'Polemiken nach ignoréieren:
"[J]e demeure comme sourd, et, toujours en mal de ré-affiliation, je poursuis ma légitimation du rôle de l'État. Durant ces années de réveil de la mémoire juive, je m'en tiens à mon rôle d'universitaire soucieux de pure recherche académique."
Lues a lues imposéiert sech Vichy awer vum selwen a senge Recherchen. 1988 publizéiert hien "Un mythe politique, la "République juive"". E Buch, wou hie fir d'éischt vum Rapport tëschent de Judden an der Republik schreift. Et geet him awer nach ëmmer drëm de franséischen État fort ze verteidegen. E Staat, deen d'Judden net diskriminéiert huet, dee si am Géigendeel a säin Déngscht geholl huet, dee si virum Antisemitismus an der Gesellschaft protegéiert huet.
"Vichy avant Vichy"
D'Ae ginn him eréischt op, wéi hien u sengem bekanntste Buch schafft, "Les Fous de la République", eng Kollektiv-Biografie vun den israeliteschen Staatsbeamten an Offizéier an der Troisième République:
"La découverte des notations antisémites rédigées par des supérieurs hiérarchiques à mes Juifs d'État au cours de leurs carrières me stupéfait. L'antisémitisme politique qui prospère au sein de la société traverse les frontières de l'État ! Tel est le constat qui rend peut-être caduque toute la sociologie de l'État fort et institutionnalisé. Dans ce sens [...] on peut estimer que 'Vichy est avant Vichy'."
An den 1990er Joren drängt sech d'Evidenz op. Ënner dem Maréchal Pétain huet de franséische Staatsapparat d'Judde wéi Feinden ugesinn, en huet si verfollegt, net well en dozou forcéiert gouf, mee well den Antisemitismus en essentiellen Bestanddeel vu sengem Wiese war.
Déi allermeescht franséisch Beamten hate matgemaach, hunn d'Uerdere gewëssenhaft ausgeféiert. Nom Krich gouf kee vun hinnen dowéinst bestrooft. D'Juddeverfolgung gouf bal ni an hiren Epuratiounsprozeduren erwäänt. Si sinn an hiren Ämter bliwwen an hunn am Kader vun der restauréierter Demokratie genee esou Karriär gemaach, wéi si dat am autoritäre Staat gemaach hätten.
D'Enn vum État fort
Déi lescht intellektuell a psychologesch Blockéierung huet de Pierre Birnbaum 2013 iwwerwonnen, wéi hien endlech opgehalen huet d'Roll vum "Professeur d'université lisse, érudit si possible, à la neutralité poussée à l'extrême" ze spillen. Wéi hie seng eegen Erliefnisser an d'Analys agebaut hunn. Wéi hien ugefaangen huet dat Buch ze schreiwen.
Do huet hien op eemol festgestallt, datt seng perséinlech Geschicht seng Theorië widderleeën. Den État fort hat d'Judden net virum Antisemitismus vun der Gesellschaft protegéiert. De Géigendeel war passéiert. An d'Hëllef war grad vu Leit komm, vun deenen d'Judden éischter Feindséilegkeet erwaart hätten. Eelef Prozent vun de Gerechten (vun den Net-Judden, déi wärend dem Krich Judden d'Liewen gerett hunn) ware Geeschtlecher. D'Hallschent ware Baueren.
"[C]es personnes modestes et souvent dépourvues de préjugés, semblables à Maria et Fabien, loin de perpétuer les valeurs de la terre valorisées par Vichy, se méfient de la propagande diffusée par ce régime", schreift de Birnbaum: "les témoignages de ces paysans soulignent la distance considérable qui sépare l'État de la périphérie en ce qui concerne la politique juive; comme le souligne un Juste, La France était ici, parmi le petit peuple des campagnes, non à Vichy"."
D'Geschicht vun enger Scheedung
Ass dat d'Leçon de Vichy, no där d'Buch betitelt ass? Jo an nee. Dat Buch huet zum Schluss keng Katharsis ze bidden. Et erzielt d'Geschicht vun engem Fuerscher, deen op der Basis vun enger Verdrängung eng ideal Theorie opbaut, déi awer dann, fir d'éischt vun der akademescher Recherche, an duerno och vun der Rekonstruktioun vun der eegener Vergaangenheet, widderluecht gëtt.
Et ass eng spannend Reflexioun iwwer d'Subjektivitéit an de Wëssenschaften. Et ass awer och déi intim Erzielung vun engem Rass, enger Scheedung tëschent enger fantasméierter Abstraktioun an der Realitéit, déi een zum Schluss mat dëser offener Fro ka resuméieren: Wéi kann een gläichzäiteg e Judd an e Fransous sinn, an engem Staat, dee gläichzäiteg den Nofollger vun der Republik a vu Vichy ass?