Radioen

On air

Notturno  |  R.A.P. Ferreira - Pinball Feat. Open Mike Eagle

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ François Valentiny

Am Gespréich

François Valentiny

De François Valentiny, 1953 zu Rëmersche gebuer, huet fir d'éischt d'Handwierk vum Schräiner geléiert, ier hie sech un d'Architektur erugewot huet. Haut ass säi Wierk wäit iwwer d'Grenze vun eisem Land bekannt a priméiert.

auto_stories

2 min

Am Gespréich mam Claude Faber schwätzt hien iwwer d'Ufäng an déi wichteg Etappen a sengem beruffleche Liewen, iwwer Estetik an Inspiratioun, Kritik an d'Wunnengspolitik hei am Land, an net zulescht och nach iwwer de 40. Anniversaire vum Valentiny Architktebüro.

Lauschtert den éischten Deel vum Gespréichplay_arrow

Ob renomméiert a priméiert, oder net, en Architekt setzt sech ëmmer nees enger gewësser Kritik aus, déi net zulescht och vu Bauhäre vu privaten, ma besonnesch awer vun ëffentleche Gebaier kënnt. Wéi wäit léisst sech e François Valentiny dann iwwerhaapt nach op Diskussioune mat engem Bauhär an?

Lauschtert den zweeten Deel vum Gespréichplay_arrow

De François Valentiny ass op Wien Architektur studéiere gaangen, wou hien dann direkt och schonn e wichtege Grondstee fir seng laangjäreg Karriär konnt leeën. Wéi eng aner wichteg Etappe gouf et da soss nach a sengem Liewen? Etappen, déi hie berufflech, an och als Mënsch, markéiert hunn.

Lauschtert den drëtten Deel vum Gespréichplay_arrow

Den Architekt huet och ee kritesche Bléck op déi aktuell Wunnengspolitik:

Lauschtert de véierten Deel vum Gespréichplay_arrow

Wéi eng nei Projete stinn an d'Haus? Wat genee mécht d'Fondation Valentiny? A wat steet an der neier Publikatioun, déi fir de 40. Anniversaire vum Architektebüro erauskomm ass?

Lauschtert de fënneften Deel vum Gespréichplay_arrow