Radioen

On air

Tockcity  |  Skinner - Geek Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Sproochekrich zu Lëtzebuerg?

Sprochepolitik

E Sproochekrich zu Lëtzebuerg?

De Linguist Joseph Reisdoerfer warnt virun den negative Konsequenze vun der Entwécklung vun der Sproochesituatioun hei zu Lëtzebuerg. An engem Artikel an der Zäitschrëft Nos Cahiers (4/2020) stellt hien eng ''grondsätzlech Instabilitéit'' vum System fest, déi op Dauer d'Eenheet vum Land kéint a Fro stellen.

auto_stories

3 min

D'Gefor, déi de Joseph Reisdoerfer gesäit, ass déi vun enger duebeler Communautarisatioun. Engersäits eng geographesch Opspléckung vun der Lëtzebuerger Gesellschaft tëschent engem romanophone Süden an engem däitsch-lëtzebuergesch-sproochegen Norden. An anerersäits d'Explosioun vum Land a verschidde Sproochegemeinschaften, déi respektiv vu Lëtzebuergesch, Franséisch, Portugisesch, Englesch an Däitsch gepräägt wieren:

''(...) nous pensons qu'il vaudrait mieux épargner au pays de telles expériences communautaristes dont les effets néfastes sont bien connus, notamment en Belgique.''

Dat schreift de Linguist a ''professeur associé'' op der Uni.lu an engem laangen Artikel, deen hien an der neister Nummer vun der Zäitschrëft Nos Cahiers verëffentlecht huet.

Sproochpolitik eréischt zënter zwee Joerhonnerten

An där wëssenschaftlecher Etüd analyséiert de Joseph Reisdoerfer d'Entwécklung vun der Sproochepolitik an enger Laangzäitperspektiv, vum Mëttelalter bis haut. Woubäi hie feststellt, datt et esou eng Politik eréischt wierklech zanter der Gebuert vum moderne Lëtzebuerger Staat nom Wiener Kongress vun 1814-15 gëtt.

Den Auteur zeechent déi grouss Etappen no, vun der Offizialiséierung vum franséisch-däitsche Bilinguismus iwwer d'Zäsur vun der Nazi-Occupatioun, bis hin zur lueser Entwécklung vum lëtzebuergeschen Dialekt zu enger eegestänneger Sprooch an dann zur Nationalsprooch. Dee Statut, deen eréischt 1984 iwwer Gesetz festgehale gouf, hätt dem Auteur no virun allem eng symbolesch Bedeitung gehat.

''Une guerre des langues ?''

Hanner dem onscheinbaren Titel vum Artikel, ''Remarques sur la politique linguistique au Grand-Duché de Luxembourg'', verstoppt sech en Ënnertitel an der interrogativer Form, deen et a sech huet: ''Une guerre des langues?'' De Joseph Reisdoerfer weist, datt de Prinzip vun der linguistescher Toleranz scho laang d'Sproochpolitik hei am Land charakteriséiert. Ofgesi vun der brutaler Klammer vum Zweete Weltkrich schéngt dee Prinzip erëm a Gefor ze sinn.

Den Auteur verweist op, a sengen Aen, widderspréchlech Mesuren, déi zanter engem knappe Joerzéngt vun der Politik geholl ginn. Zwar géif d'Lëtzebuerger Sprooch esou opgewäert ginn ewéi nach ni, duerch den neie Statut, dee se viraussiichtlech an der Verfassung soll kréien, an dann och d'Promotiounsmesuren, déi an engem Gesetz vun 2018 festgeschriwwe goufen. Och dat nëmme Symbolpolitik, fir een ze waarme Walkampfthema aus der Welt ze schafen?

Widderspréch an der aktueller Sproochpolitik

Gläichzäiteg léisst de Joseph Reisdoerfer nämlech kee gutt Hoer un der differenzéierter schoulescher Sproochenoffer ënner dem DP-Educatiounsminister Claude Meisch. Eng Politik, déi kaum dozou dierft féieren, datt all d'Schüler déi dräi historesch Sprooche vum Land plus Englesch um selwechten Niveau bäibruecht kréien - wann iwwerhaapt.

''La politique linguistique éducative inaugurée par ces nouveaux cursus linguistiques - manifestement de type hidden agenda puisqu'à aucun moment elle n'a fait l'objet d'une présentation explicite suivie d'une discussion approfondie au sein de la communauté nationale - non seulement freinera l'intégration des ressortissants étrangers dans la communauté luxembourgeoise, mais elle pourrait menacer l'unité même du pays.''

De Joseph Reisdoerfer rifft dozou op, den ''Amateurismus an der Onuerdnung vun der edukativer Sproochpolitik'' op en Enn ze bréngen. Doriwwer eraus misst een déi politesch-linguistesch Tensiounen eigentlech als en Epiphänomen gesinn, deen déi méi schlëmm an déifgräifend sozial Tensioune begleet, d'Konsequenz ënnert anerem vu graff ëmgesaten neoliberale Politicken, déi zur Veraarmung vun de Mëttelschichten an enger graver Kris vum Logement géife féieren.