Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Dizzy - Open Up Wide

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Gudde Wëllen Open Air

Livemusek

De Gudde Wëllen Open Air

Vum 13. Juni u gëlle méi labber sanitär Restriktiounen zu Lëtzebuerg: de Couvre-feu fält ewech, an och d'Gastronomie dierf erëm zu deene gewinnten Zäiten opmaachen. Een Open Air Festival am Amphitheater hanner der Coque um Kierchbierg laut dësen decisive Moment vum Deconfinement schonn direkt dee Weekend duerno an.

auto_stories

2 min

De Gudde Wëllen, beléifte Museksbar an der Uewerstad, organiséiert mat engem Open Air Festival vum 18. bis den 23. Juni déi éischt Geleeënheet zanter Mäerz 2020, ouni weider Aschränkungen zesummen ze danzen, ze feieren a Livemusek ze lauschteren.

300 Leit, déi de QR-Code vun der Regierung hirem kommende Covid-Check hunn, also getest, erëm gesond oder geimpft sinn, dierfen op dësen Deeg um Site d'Mask wéi och de Social Distancing fir e bëssen un den Nol hänken. "De Site beim Amphitheater hanner der Coque ass wonnerschéin, an einfach ofzespären", esou de Luka Heindrichs, Programmateur vum Gudde Wëllen. 300 Leit op der Fläch vun engem hallwe Rockhal-Main Hall, dat gëtt doriwwer eraus kee Gedrécks.

Eng grouss Programmatioun

D'Programmatioun ass un déi verschidden Deeg ugepasst:

Freides geet et em 18:30 Auer lass mat der Lëtzebuerger Indie-Band Autumn Sweater, mat duerno deenen zwou exzellente Belsche Live-Gruppe Great Mountain Fire a La Jungle. Fir den Ofschloss suergt den 100,7-DJ Don Simon.

Samschdes gëtt et eng komplett Lëtzebuergesch Programmatioun mat Francis of Delirium, Bartleby Delicate, Ice In My Eyes a Say Yes Dog, als DJ ass den 100,7-DJ Mike Tock mat dobäi.

De Sonnde steet am Zeeche vun deenen exotesche Kläng, mat Yin Yin aus Frankräich, déi sech un asiateschem Funk aus de 70er Joren inspiréieren, genee wéi dem Caspar, deen orientalesch inspiréierten Elektro proposéiert.

De Méinde leet den 100,7-Mann Plastic Pedestrian op an et gi fënnef franséischsproocheg Stand-Up Comedy Acts, eng rezent Additioun zum Gudde Wëlle-Programm.

De Virowend vun Nationalfeierdag huet een Urban Music-Theema mat De Läb, Don Piano an op de Platinne Roco Querin a Bobby Bieles.

Mëttwochs gett et nomëttes eng Aart Afterparty mat DJ-Sets vun ënnertaneren Cleveland a Fonclair.

De ganze Programm an d'Prozedur fir sech unzemelle fannt Dir hei: http://www.deguddewellen.lu/FESTIVAL-2/DE-GUDDE-WELLEN-OPEN-AIR-479

Och wa Schnelltester op der Platz méiglech sinn, bieden d'Organisateuren drëms, sech an der Apdikt am Virfeld een Zertifikat ze froen, oder de QR-Code virzeweisen.