Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Plädoyer, fir manner ze riichten an ze urteelen

Juli Zeh - Über Menschen

E Plädoyer, fir manner ze riichten an ze urteelen

No hirem Erfollegsroman "Unter Leuten" schéckt d'Juli Zeh hir Protagonistin Dora och an den Oste vun Däitschland. "Über Menschen" heescht d'Wierk vun der engagéierter Schrëftstellerin an d'Valerija Berdi huet d'Buch net gelies, mee gelauschtert.

auto_stories

3 min

D'Dora huet es genuch vun hirem Frënn mat deem si zu Berlin lieft. Hir Bezéiung war an der Rei, bis d'Greta Thunberg op der Bildfläch erschéngen ass. Hien huet sech do der Protektioun vun der Ëmwelt verschwuer an just nach d'Apokalyps am komme gesinn.

D'Dora hat keng Loscht méi op Lëschten, wat a wou een nach dierft akafe goen, op pingeleg Mülltrennung an op e Mann, deem seng Aufgab et just nach war alles besser ze wëssen an ze kënnen. Corona, Pandemie an Homeoffice hunn net grad dozou bäigedroen, aus him erëm en ausgeglachene Mënsch ze maachen.

Déi aner Mënsche kenneléieren

D'Dora keeft en alt Haus ze Bracken, engem fiktiven Duerf am Brandenburg, wou si mat minimalem Gepäck an ouni Auto hireest. Eng jonk Fra, déi zu Berlin an enger Publicitéitsagence schafft, déi natierlech nohalteg, ëmweltfrëndlech an fair gehandelt Produiten vermaart, probéiert an engem Duerf, wou d'Zäit stoe bliwwe ze si schéngt, Fouss ze faassen.

Mee et sinn net d'Géigesätz, déi hei am Mëttelpunkt stinn, mee d'Kenneléiere vu Mënschen, déi anescht liewen, anescht denken, sech anescht behuelen wéi der Dora hiert Ëmfeld ze Berlin.

An effektiv begéint een da schonn ganz skurrillen Noperen, deen een, dee sech selwer den Duerf-Nazi nennt a mat senge Kolleegen Horst-Wessel-Lidd sengt, den aneren Noper Heinrich, genannt R2-D2, huet e ganz eegenen Humor, deen alles anescht wéi politesch korrekt ass.

Am Ufank sinn et just hire Mupp, de Jochen a Videoclippen vum Astronaut Alexander Gerst, déi der Dora e Gefill vu Wuelsi verschafen. Hiert Haus steet eidel, akafe goe mat engem Bus, dee just dräimol am Dag fiert, Onwëssenheet, wéi et mat hirer Bezéiung weider geet an déi vill Zäit, déi se huet, veronsécheren d'Dora, mee no an no léiert si hier Nopere an aner Duerfbewunner besser kennen a si léiert virun allem tolerant ze sinn.

Villes gëtt a Fro gestallt

Et ass en typesche Juli Zeh Roman, an deem et net just déi Gutt an déi Béis ginn an wou esou villes, wat haut als politesch korrekt diktatoresch verdeedegt gëtt, op d'Schëpp geholl gëtt. Sief et eng nei Jeans-Box, déi Gutmensch soll heeschen, sief et d'korrekt Droe vun de Masken a Corona-Zäiten, sief et déi politesch Gesënnung vun de Matmënschen.

Kënnen AfD-Wieler sympathesch sinn, muss ee sech rassistesch Witzer ulauschteren, dierf een nach Plastiksfläschen benotzen a wéi ëmweltschounend lieft ee wierklech an enger Groussstad, och wann een all Dag mam Vëlo ënnerwee ass?

Mat ganz vill Humor stellt d'Juli Zeh alles a Fro, wat sech haut gehéiert, ouni awer iergendengem Recht ze ginn. "Über Menschen" ass einfach e Roman, wéi de Numm et seet, iwwer Mëschen an hirer Verschiddenheet, an hiren ënnerschiddlechen Approchen, Denk- a Liewensweisen an et ass virun allem e Plädoyer fir mol selwer de Mond ze halen, manner ze riichten an ze urteelen a sech mat der eegener Nues ze huelen. De Roman gëtt vun der däitscher Schauspillerin Anna Schudt gelies, wat zu engem ganz agreabele Nolauschteren bäidréit.