arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Humanitéiten an d'Fro nom wirtschaftlechen Notzen

10 Joer IPSE

|
reading time

4 min

D'Humanitéiten an d'Fro nom wirtschaftlechen Notzen

D'Geeschteswëssenschaften haten op der Uni Lëtzebuerg ni een einfache Stand, well hiren ekonomeschen Notzen net sou kloer ass. Där Meenung ass d'Historikerin Sonja Kmec, d'Leederin vun der Fuerschungsunitéit IPSE op der Uni Lëtzebuerg.

reading time

4 min

Mëttlerweil gëtt et d'IPSE, d'Fuerschungsunitéit zum Thema "Identitéiten, Politik, Societéiten an Espace" zënter zéng Joer, 160 Mataarbechter schaffen hei. An dat, obwuel dee laangjäregen, fréiere Recteur, d'Geeschteswëssenschaften dacks a Fro gestallt huet.

D'Leederin vun der IPSE, Sonja Kmec, ass awer der Meenung, datt de Rolf Tarrach d'IPSE méi ënnerstëtzt huet, wéi hien dat no bausse gewisen huet. "Ech mengen, hien huet och einfach probéiert eis unzespornen, fir datt mir eis géife beweisen", sou d'Historikerin am Interview mam Pia Oppel. Fakt wier, datt d'IPSE staark gewuess ass an och vill positive Feedback kritt.

Naturwëssenschaften hunn eng staark Positioun

Et wier awer och kloer, sou d'Sonia Kmec, datt d'Naturwëssenschaften op der Uni eng staark Positioun anhuelen. "Si ginn och ëmmer méi wichteg fir d'Wirtschaft. Bei de Geeschteswësenschaften ass ëmmer gefrot ginn, wou hire konkreten Notzen da läit".

D'Bild vun de Geeschteswëssenschafte wier alles an allem Schwankungen ausgesat. "Dat si sou Phasen. De Moment schéngt erëm méi eng neoliberal Ausriichtung do ze sinn, déi freet, wat eis d'Geeschteswëssenschaften - a Suen ausgedréckt - bréngen". Trotzdem wier d'ISPE de Moment op engem Héichpunkt, op deem si sech gutt kéint behaapten. Grond dofir ass der Sonia Kmec no, déi héichwäerteg Fuerschung, déi an der Unitéit geleescht géif ginn.

Op der Spuer vun Identitéit(en) ...

Wéi den Numm et scho seet, war d'Identitéitsfuerschung laang ee Kärthema an der Aarbecht vun der IPSE. "2006, wou d'IPSE gegrënnt gouf, war dat fuerschungspolitesch ee grousst Thema, och beim Fonds National de la Recherche (FNR)", erënnert d'Sonia Kmec sech. Gläichzäiteg wier et een Thema gewiescht, wat eng Abberzuel vu Geeschteswëssenschaften interesséiert hätt: Literatur, Sproochwëssenschaften, Geographie, Geschicht, Philosophie.

Ee vun den éischte grousse Projete vun der IPSE war d'Recherche zum Thema "Lieux de mémoire". Als wesentlech méi kontroverst Thema huet d'Sonia Kmec réckbléckend awer de Projet "Inventing Luxembourg" an Erënnerung. Do hätt ee sech als Fuerscher ëffentlech positionéiert. "Schlussendlech ass dat, wat mir deemools gesot hunn, haut relativ acceptéiert a scho bal 'Mainstream'", sou d'Sonia Kmec am Interview mam Pia Oppel.

... a Sproochen

De Moment gëtt zu Lëtzebuerg vill iwwer d'Sproochepolitik diskutéiert. Och een Identitéitsthema? An der IPSE fënnt een déi Diskussioun op allefalls "ganz spannend", seet d'Sonia Kmec. D'Fuerschungsunitéit fir Linguistik, déi zu der ISPE gehéiert, géif déi Diskussioun suivéieren. "De Gebrauch vu Sproochen ass een zentraalt Element vun eiser Fuerschung", sou d'Sonia Kmec.

D'Roll vun de Wëssenschaftler wier an där Hisiicht z'observéieren an hir Fuerschungsresultater zur Verfügung ze stellen, mee net fir als Acteur an eng Debatt anzegräifen. "Mir gi punktuell vu Chamberkommissioune fir eisen Avis gefrot. Um Enn zéien d'Politiker aus den eenzele Parteien awer hir eege Konklusiounen", sou d'Sonia Kmec. D'Leederin vun der IPSE fënnt et awer positiv datt et een Echange tëscht Uni a Politik gëtt, de Fonds national de la recherche géif och an déi Richtung schaffen.

Eng post-faktesch Zäit op der Uni

Zur Fro, ob d'Meenung vun Experten an enger sougenannter "post-faktescher" Zäit am ëffentlechen Debat manner Poids huet, sot d'Sonja Kmec, datt d'Uni géif et sech zur Aufgab maachen, dës Entwécklungen opzegräifen. "An esou enger Zäit gëtt d'Uni ëmmer méi wichteg. Mir versichen de Studenten nach méi no ze brénge wéi ee mat Quellen emgeet, dorënner och digital Quellen an wéi een déi kann hannerfroen".

D'Sonia Kmec huet awer net d'Gefill wéi wann Experten u sech verstäerkt a Fro géife gestallt ginn. "Ech mengen éischter datt een an de leschten 20-30 Joer een immensen Opstig vum Expertentum gesinn huet, dee vläicht ze vill war", sou d'Fuerscherin. Lo géif de "Pendel vläicht erëm an déi aner Richtung schwenken". Wichteg wier, d'Manéier wéi Meenungen ausgedréckt ginn, "wéi respektvoll, wéi nuancéiert". Een Expert dierft och net als Autoritéit optrieden.

Nei Schwéierpunkten an der Fuerschung

An den nächste Jore sollen an der IPSE zwee Haaptschwéierpunkte weiderentwéckelt ginn: Méisproochegkeet an Interkulturalitéit grad wéi Nohaltegkeet. D'Thema "Méisproochegkeet an Interkulturalitéit" soll afléissen an eng méi interdisziplinär Prioritéit vun der Migratioun.

Nei dobäi als Fuerschungsthema kënnt "materiell Kultur", ee Sujet deen international als "New materialism" bekannt ass. D'Sonia Kmec selwer fuerscht de Moment iwwer d'Thema "Männlechkeeten", an doriwwer wat fir Biller vu Männlechkeeten nom Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg entwéckelt hunn.