Si wier gefrot gi fir an déi Kommissioun ze goen, seet d’Europadeputéiert Mady Delvaux. Allerdéngs hätt si do als fréiere Regierungsmember léiwer drop verzicht. De Frank Engel, Europadeputéierte vun der CSV, ass Member vun där Kommissioun. Hien hätt sech an d’Kommissioun gemellt, well et do jo em Saache goe géif, déi Lëtzebuerg betreffen. Et géif awer net just drëms goen, national Interêten ze verdeedegen. "Et geet awer drëms, datt een dann dobäi ass, wann et kéint sou sinn datt Lëtzebuerger Interête massiv getrëppelt ginn", erklärt den Europadeputéierten.
"Kuckt datt dat an d'Rei geet"
Hien ass och dergéint, datt d’Mandat verlängert gëtt. D’Kommissioun ass fäerdeg mat hirer Aarbecht, sou de Frank Engel, deen och sot, datt hie vun Ufank un net richteg dru gegleeft huet, dat vill dobäi erauskënnt.
D’Mady Delvaux sot Europa misst sech gemeinsam Reegelen iwwert d’Praxis vun Steierrulinge ginn. Si sot och, dat déi fréier Regierung, an där si Member war, net iwwert des Saache geschwat huet. "Et war sou en hellege Prinzip: d'Steierverwaltung ass onofhängeg a wann eng Firma komm ass, dann ass gesot gi 'kuckt datt dat an d'Rei geet'", sou erënnert d'Mady Delvaux sech. "Dat eenzegt wat een eis kollektiv ka virgeheien, dat ass datt mer net genau genuch gekuckt hunn", sou nach d'Mady Delvaux.
Eis Bréissel-Korrespondentin Danièle Weber huet mat den zwee Europadeputéierte geschwat.