"Et gëtt net de Schüler, all Schüler ass anescht", sot de Claude Lamberty op dësem Mëttwoch Moien am Gespréich mam Mick Entringer. Bis virun engem Mount, wéi hie fir säi Parteikolleg Guy Arendt an d'Chamber nogeréckelt ass, war de jonke Politiker Enseignant am Bouneweger Lycée technique, am Preparatoire.
Seng Erfahrung hätt him gewisen, datt Kanner vun de verschiddensten Nationalitéiten a mat dacks engem schwierege sozialen Hannergronn den Iwwergang vum Secondaire technique an de Secondaire classique net packen. Wéinst der Sprooch. Sprooche missten hinnen differenzéiert bäibruecht ginn, eng fréi bilingual Sproochefërderung wier néideg.
Demissioun Maggy Nagel? "Hire perséinleche Choix"
De Widderstand vun den Enseignante géint den DP-Educatiounsminister Claude Meisch hätt sech zënter dem leschte Summer berouegt, mengt de Claude Lamberty. Virdru wier sech deelweis gestridde ginn, duerno hätt ee mateneen diskutéiert an en Accord fonnt. De fréieren Enseignant mee och liberale Politiker sicht de Mëttelwee: "et ass ni een deen iwwerall Recht huet".
Educatioun ass, nieft dem Logement, der Ëmwelt- an der Familljepolitik, ee vun de Spezialgebidder vum 39 Joer ale Claude Lamberty. Deputéierte wier ëmmer een Zil gewiescht, och wann een dat selwer net kéint plangen. Dat géif vun aneren ofhänken. An deem heite Fall huet d'Demissioun vun der Parteikollegin, der fréierer Kultur- a Logementsministesch Maggy Nagel, de Wee opgemaach. Dat wier hire "perséinleche Choix" gewiescht, d'Demokratesch Partei hätt d'Maggy Nagel net fale gelooss.
CSV-DP Koalitiounen hätten der Gemeng Hesper net geschuet
De Claude Lamberty wier schonn zënter 20 Joer politesch engagéiert, als Member vun de Jonken Demokraten (an zäitweis JDL-President) a spéiderhin och als Kommunalpolitiker zu Hesper. Eng Gemeng, an där CSV-DP Koalitiounen eng Joerzéngte laang Traditioun hätten. "Wann een Hesper haut kuckt, kann een net soen, datt et Hesper geschued huet".
Op de Phenomen vu Lokaldynastien ugeschwat (wéi beispillsweis d'Famill Meisch zu Déifferdeng), äntwert de Claude Lamberty, et bräicht ee Leit, déi sech engagéieren. "Wéi déi Leit elo heeschen, wou se hir kommen, ass egal".
FLT-President iwwer Manktem u Benevoler am Tennis besuergt
Zënter enger Rei Joeren ass de jonke Liberalen och President vun der nationaler Tennisfederatioun. Vu Kand un hätt hien dee Sport bedriwwen, seng Motivatioun fir dee Posten hätt näischt mat der Politik ze dinn. De Problem, deen hie gesäit, wier net onbedéngt dee vun de Fërderung vun Talenter. De Lëtzebuerger Profi Gilles Müller hat déi Kritik ugangs Dezember op eiser Antenn formuléiert.
Den eigentleche Problem wier de Manktem u Fräiwëlleger fir déi 16.000 Tennisspiller am Land z'organiséieren. De Benevolat wier e Problem esouwuel am Tennis wéi och an anere Sportaarten, sou de Claude Lamberty.