D'Gratis-Applikatioun vum CTIE, déi et op franséisch an op englesch gëtt, kann déi quadratesch schwaarz-wäiss QR-Coden op den Zertifikater liesen. Dës Codë baséieren op engem europäesche Standard, deen de leschte Mount festgeluecht gi war, erkläert de Patrick Houtsch. Et wier ganz vill Aarbecht gewiescht, dëse Standard ze implementéiere, seet den Direkter vum CTIE:
"Fir datt dat Ganzt fonctionéiert, hu mer och eppes en place gesat, wat mer national Gateway nennen, dat huet all Land gemaach. Do gëtt et och een EU-Gateway. An dat si Plattformen, déi néideg si fir Schlësselen auszetauschen, déi et eben erméiglechen, datt déi QR-Coden an all de Länner kënne gelies ginn an datt se och interoperabel sinn an datt dat eent Land deem anere Land seng QR-Code ka verifizéieren."
Beim dësem System wier den Dateschutz garantéiert, versprécht den Direkter vum CTIE. Et géife keng Daten u Servere geschéckt oder iergendwou ofgespäichert ginn. Wann den Zertifikat gescannt gëtt, da gëtt ë.a. ugewisen, ob et een Dokument ass, dat z.B. no enger Impfung oder no engem Test erstallt gouf.
D'Apdikteren oder Dokteren, déi zertifiéiert Schnelltester maachen, hätte vum staatleche CTIE eng Demarche op MyGuichet zur Verfügung gestallt kritt. An dëser Demarche ginn d'Donnéeë vum Patient saiséiert, de CTIE generéiert dann en Zertifikat mat engem QR-Code, an den Dokter kritt deen da fir erofzelueden, auszedrécke fir der Persoun ze ginn, erkläert den Direkter vum CTIE.
Éischt Zuelen, wéi dacks déi nei Lëtzebuerger Covidcheck-Applikatioun erof geluede gouf, solle muer Samschdeg virleien.