Radioen

On air

De Moien  |  Bombay Bicycle Club - Tekken 2 Feat. Chaka Khan

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bundesparteitag: Gréngen Idealismus trëfft op Realpolitik

Däitschland

Bundesparteitag: Gréngen Idealismus trëfft op Realpolitik

Haut fänkt de Bundesparteidag vun der däitscher grénger Partei un, op deem ënner anerem d'Annalena Baerbock als Kanzlerkandidatin soll confirméiert ginn. Virdru muss awer nach de Walprogramm votéiert ginn, an dat kéint eng relativ ustrengend Affär ginn.

auto_stories

3 min

Wann een an de leschte Méint a Wochen déi däitsch Politik suivéiert huet, kéint een unhuelen, datt de Bundesparteidag vun de Gréngen eng relativ harmonesch Veranstaltung sollt sinn. Ëmmerhin hu si ëmmer nees den parteiinternen Zesummenhalt ënnerstrach an louchen an de Sondagen virum Haaptkonkurrent der CDU un éischter Platz.

Vill intern Konflikter

Mee no der ufänglecher Euphorie huet d'Walkampfrealitéit d'Partei nees ageholl. Um Bundesparteidag, dee vun haut bis e Sonndeg digital wäert stattfannen, mussen déi Gréng allerlee intern Konflikter diskutéieren a léisen.

Net manner ewéi 3280 Ännerungswënsch um virleefegen Walprogramm huet d'Basis an de leschte Wochen un d'Parteispëtzt adresséiert - en absolutte Rekord. Doniewent ass de Weekend och mat 20 sougenannte Kampfofstëmmungen ze rechnen

Den Desaccord tëscht Parteivirstand a Basis fänkt scho beim Numm vum Programm un. Nach heescht deen "Deutschland. Alles ist drin", mee dat kléngt villen ze nationalistesch an dofir soll de Numm vum Land einfach gestrach ginn.

An da wieren do nach d'Diskussiounen ëm en Tempolimitt op den däitschen Autobunnen an d'Fuerderung keng nei méi ze bauen, oder d'Propos vun der grénger Jugend de Spëtzesteiersaz an d'Ierfschaftssteier weider eropzesetzen. Oder d'Fro, ob et arméiert Dronen bei der Bundeswehr soll ginn.

Sträitpunkt CO2-Präiss

Fir de gréissten Tumult suergt awer d'Debatt ëm den CO2-Präis. D'Parteispëtzt wëllt dëse bis 2032 op 60 € pro Tonne erhéijen, der Fridays-For-Future-Beweegung an hire Supporter an der grénger Partei geet dat awer net duer. Sie haten Ufanks 120 € gefuerdert, a wëllen elo net ënner 80 € goen.

D'Protestbeweegung hat kritiséiert, datt déi aktuell Mesurë vun de Gréngen net duergi fir d'Klimaziler ze erreechen. De Parteivirstand fäert iwwerdeems, datt een um Enn ze dacks iwwerstëmmt gëtt an esou potentiell Wielerinnen a Wieler kéint vergraulen, deenen de Walprogramm dann ze lénks oder strikt wier.

Annalena Baerbock huet Plomme gelooss

De Robert Habeck huet am Virfeld schonn annoncéiert, seng Partei wier pragmatesch an géif kee "Wünsch-dir-was" spillen. Hien an d'Kanzlerkandidatin Annalena Baerbock sollen de Weekend als Spëtzenduo vun der Basis confirméiert ginn.

Nodeems d'Baerbock no hirer offizieller Virstellung als Kanzlerkandidatin an de Sondagen rapid no uewen geklommen war, huet hiren Image an de leschte Woche béis gelidden. Eng Rëtsch Opreeger ëm ze spéit deklaréiert Nieweverdéngschter an Ongereimtheeten an hirem CV, hunn un hirem Profil gekraazt.

CDU läit virun de gréngen

Am ARD Deutschlandtrend läit si mëttlerweil 13 Prozentpunkten hanner dem Armin Laschet vun der CDU an och bei de Parteien hunn d'Chrëschtdemokraten nees 8 Prozentpunkte Virsprong op déi Gréng.

Der ARD sot d'Baerbock gëschter, si hätt offensichtlech Feeler gemaach, dat géif hier leed doen. Et wier awer elo net d'Zäit fir sech zeréckzezéien, mee fir ze kämpfen. De Bundesparteidag wäert wuel eng éischten Occasioun heifir bidden.