Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Blue Lake - Dallas

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schoulufank fir ukrainesch Kanner zu Lëtzebuerg

Invité vum Dag - Pierre Reding

Schoulufank fir ukrainesch Kanner zu Lëtzebuerg

Iwwer 600 ukrainesch Kanner ginn dës Woch zu Lëtzebuerg ageschoult. An dat stellt eise Schoulsystem viru gewëssen Erausfuerderungen. De Pierre Reding, héije Beamten aus dem Educatiounsministère, gëtt Explikatiounen, wéi d'Schoulen dat gestemmt kréien.

auto_stories

2 min

De Pierre Reding ass héije Beamten am Educatiounsministère.

Méi wéi dausend ukrainesch Kanner sinn an de leschte Wochen hei am Land ukomm, well si mat hire Famillen virum Krich an hirem Heemechtsland geflücht sinn. Iwwer 600 Kanner a Jugendlecher gi vun dëser Woch un eng éischte Kéier hei am Land an d'Schoul.

Déi meescht ukrainesch Schüler kéimen an engleschsproocheg Accueilsklassen, déi vu staatleche Schoulen mat internationaler Offer geréiert ginn, esou den Educatiounsministère op eis Nofro hin. Wéi vill der Klassen am Ganze gebraucht ginn, wier am Moment nach net kloer.

Fir all déi nei Schüler ze betreien gëtt awer vill zousätzlecht Personal gebraucht. De Ministère huet dofir an de leschte Woche iwwer 300 Leit agestallt, esou de Pierre Reding, zoustännege Beamten am Educatiounsministère am 100,7-Interview. Dorënner sinn engleschsproocheg Enseignanten, Chargé de Coursen, an och ukraineschsproocheg Betreier.

Rekrutement vu Léierpersonal och am Ausland

De Pierre Reding seet, datt d'Lëtzebuerger Schoulen genuch Personal hunn fir sech em déi ukrainesch Kanner ze këmmeren, déi am Moment hei am Land ageschoult ginn. Zum Deel wieren déi engleschsproocheg Enseignanten am Ausland rekrutéiert ginn. An dat hätt et méi einfach gemaach Leit ze fannen:

"Den engleschsproochege Marché, dee geet vun Neuseeland bis Kanada. Dat ass natierlech formidabel. Et fänken ëmmer iergendwou op der Welt Vakanzen un, an déi Leit déi hunn dat mengen ech méi an hirer DNA, wéi mir Lëtzebuerger, fir mol ze wiesselen an op eng aner Plaz op der Welt Schoul halen ze goen."

Den Educatiounsministère géif probéieren esou gutt ewéi méiglech op d'Besoinen vun den ukrainesche Famillen anzegoen, seet de Pierre Reding. Dobäi wier iwwerluecht ginn, wat dat Bescht kéint sinn, dat een den ukrainesche Kanner a Jugendleche kéint ubidden:

"Wat ass dat, wat hirem Projet de vie entsprécht? An ech mengen de Projet de vie - dat wëssen d'Leit alleguer dobaussen - dat ass zréck an d'Ukrain ze goen, respektiv duerch Europa kënne studéieren ze goen."

Do wier déi englesch Sprooch, och wann d'Schüler géifen an d'Ukrain zréckgoen, éischter wéi dat Franséischt oder Däitscht eng Sprooch, déi d'Kanner géife brauchen.